Testing

Lilienhaff

Häerzlech Wëllkomm op der Säit vum Lilienhaff!
Mäin Numm ass Felix Miny, ech hunn 25 Joer a si mat Leif a Séil an der Landwirtschaft täteg. Ech sinn houfreg säit dësem Joer d'Passioun vu mengem Bopi, dem Johny Dahm, op sengem Haff virun ze feieren.
De Lilienhaff, bekannt duerch seng gutt Hunnegdrëpp, leit tëschent Hierber a Bech am Oste vum Land.
Nieft de bekannten Drëppen a Likören aus der Lilier Brennerei, wäerten et an noer Zukunft och frëscht Geméis a Blumme fir selwer ze plécken, ginn. Iwwer dës Säit wäert dir ëmmer um neiste Stand bleiwen. Hannerloosst eis gären en Like oder deelt dës Säit mat äre Frënn!
Mir soen Iech elo scho Merci fir Är Ënnerstëtzung!
Zéckt net eis bei Froen ze kontaktéieren!
Mir freeën eis op äre Besuch!😊